De CNDS (Comité National de Défense Sociale) engagéiert fir
seng Struktur Nei Aarbecht zu Luerenzweiler
1 Job Coach (m/w)
CCT-SAS (maximum C4)
20 St/Woch / CDI – fir direkt
Ref : NA202609JC
Är Missioun:
- Kandidaten op déi aktiv Aarbechtssich virbereeden
- Ënnerstëtzung beim Erstelle vum CV a vum Motivatiounsbréif
- Virbereedung op Virstellungsgespréicher duerch Simulatiounen an individuell Berodung
- Kontakter mat Patronen aus dem Privatsecteur opbauen a passend Kandidaten op fräi Aarbechtsplazen vermëttelen an den Zougang zu Stagen oder Aarbechtskontrakter fërderen
- Passend Weiderbildungen zu de beruffleche Projete fannen
- Administrativ Aufgaben ausféieren
Äre Profil:
- Erfarung am Beräich vun de Ressources Humaines, besonnesch beim Féiere vu Virstellungsgespréicher an der Auswiel vun neie Mataarbechter
- Gutt organiséiert, strukturéiert an durchsetzungsfäeg sinn
- Diskretioun an e gudden Ëmgang mat Mënschen
- Gutt Kommunikatioun
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
Mir bidden un:
- Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht
- Eng dynamesch a multidisziplinär Ekipp
- Responsabilitéit an Autonomie
- Attraktiv Bezuelung an Aarbechtskonditiounen nom SAS Kollektivvertrag
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif, Kopi vum néidegen Diplom) bis den 30. September 2026 un: [email protected]
Fir weider Froen kënnt Dir Iech gär un Charel Kneip vun Nei Aarbecht wenden um
33 27 55 1 oder hire Site konsultéieren www.cnds.lu/nei-aarbecht
Am Fall vun enger Astellung froe mir eng rezent Kopi vum Casier Judiciaire