D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Zwee Erzéier (m/f/d)
CDI 35 Stonnen/Woch
CDD 35 Stonnen/Woch (mat Ausiicht op en CDI)
Referenz: KT-ED-02
Dës Poste betreffen eist Kannerhaus Tikkun, aktuell zu Kayl, e psychotherapeutescht Internat fir 6 Kanner tëscht 6 an 12 Joer. Hei gëtt wärend der Woch, vu sonndes owes bis freides owes eng Betreiung ugebuede fir Kanner mat emotionale Schwieregkeeten a Verhalensopfällegkeeten. Den Tikkun wäert am Laf vum Joer 2026 op Péiteng plënneren.
D’Kannerhaus Tikkun ass eng Wunnstruktur vun eisem Centre thérapeutique, La Passerelle, wou d’Kanner daagsiwwer betreit ginn. D’Reintegratioun an d’Primärschoul ass ee Bestanddeel vum Konzept. Et besteet eng enk Zesummenaarbecht tëscht den Ekippe vum Kannerhaus Tikkun an der La Passerelle.
Missiounen
- Am Kannerhaus Tikkun gëtt de Kanner eng Alldagsbegleedung vun den Erzéier ugebueden
- All Kand huet ee Referenzerzéier innerhalb vun der Ekipp, deen d’Entwécklung vum Kand verfollegt a mat der Famill vum Kand a Kontakt steet
- Den Erzéier passt den Dagesoflaf un de Kanner hir Bedürfnisser un a bleift opmierksam wat d’Entwécklung vum Kand betrëfft
- Den Erzéier schafft enk mat der Ekipp vum Tikkun a mat der Ekipp vun der La Passerelle zesummen a steet am reegelméissegen Austausch mat hinnen
- An der wéchentlecher Teamversammlung bericht den Erzéier iwwert säi Referenzkand an hëlt reegelméisseg u Bilansgespréicher mat de Familljen deel
- Den Erzéier gëtt der Famill e Wochefeedback an ass d’Uspriechpersoun vun der Famill
Noutwenneg Kompetenzen
- Diplom vum Educateur diplômé
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
- Eng berufflech Erfarung mat Kanner mat psychesche Problemer an theoretesch Kenntnisser an dësem Beräich oder d‘Bereetschaft sech an deem Beräich weiderzebilden, sinn noutwenneg
- Fäegkeet, Situatiounen ze analyséieren an ze reflektéieren
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen (lëtzebuergesch, däitsch, franséisch).
- Fürerschäin B
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 28. Februar 2026 mat der Referenz
KT-ED-02 un d’E-Mail-Adress: [email protected]