ee Pädagog (w/m/x) - Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour

APEMH
Localité 4976 Bettange-sur-Mess
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour,

 

ee Pädagog (w/m/x)

fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit (CDI).

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Missioune

 

Dir sidd de pädagogeschen Uspriechpartner fir d’Wunn- an Dagesstrukturen, an Är Missioune sinn:

  • d’Berodung an Uleedung vun den Ekippe ronderëm déi sozio-pädagogesch Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung,

  • d'Opstellung an d'Koordinatioun vun de perséinleche Liewensprojet’e a Ko-Konstruktioun mat de Persounen déi mir begleeden,

  • d'Ënnerstëtzung vir d'Ekippen a vir d'Direktioun bei pädagogesche Froen,

  • d‘Matgestaltung bei der Entwécklung an Ëmsetzung vu pädagogesche Konzepter a Prozesser ob institutioneller Ebene, an Zesummenaarbecht mat der Direktioun.

 


Obligatoresch Ufuerderungen

 

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn,

  • iwwert Beruffserfarung am Beräich vum Erstellen vu pädagogesche Projet'e verfügen,

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir eng optimal professionell Begleedung an Ënnerstëtzung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung,

  • Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vun hiren Aufgaben,

  • an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,

  • déi lëtzebuergesch, franséisch a däitsch Sprooch beherrschen,

  • de Führerschäin Klass B hunn.

 


Wënschenswäert Ufuerderungen

 

Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der intellektueller Beanträchtegung si vu Virdeel.

 


Mir bidden

 

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend, Aarbechtsbedéngungen (Carrière C7).

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

ee Pädagog (w/m/x) - Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler