Diploméierten Educateur / Diploméiert Educatrice (m/w) – 100 %

JUGENDHAUS CRIAJ ASBL
Localité 6774 Grevenmacher
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur Éducateur·trice diplômé·e Travail social

Retour

De Centre de Rencontre, d’Information et d’Animation pour Jeunes (CRIAJ) sicht fir säi Jugendhaus zu Grevenmacher eng diploméiert Educatrice / en diploméierten Educateur (m/w) op 100 %
(40 Stonnen d’Woch – CDI / onbefriste Kontrakt).

De Kontrakt gëtt no dem Kollektivvertrag SAS (Secteur d’aide et de soins a soziale Secteur) gereegelt.

Äre Profil

Mir sichen eng Persoun, déi:

  • eng vun den dräi Landessprooche beherrscht (Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch) – Lëtzebuergesch ass eng Plus-value
  • Bierger/in vun engem EU-Land ass
  • iwwer berufflech Erfarung am sozio-edukative Beräich verfüügt (eng Erfarung ass vu Virdeel)
  • en unerkannten Diplom als diploméiert Educatrice / diploméierten Educateur huet
  • flexibel bei den Aarbechtszäiten ass
  • dynamesch, engagéiert an initiativ ass
  • de Führerschäin Kategorie B huet

Är Missiounen

  • individuell a gruppenorientéiert Begleedung vu Jonken
  • Organisatioun an Ëmsetzung vun deeglechen Aktivitéiten a pädagogesche Projeten
  • aktiv Matgestaltung vun der Jugendaarbecht
  • Erfarung oder Interessi un informeller Jugendaarbecht

Är Kandidatur soll enthalen

  • Motivatiounsbréif
  • detailléierte CV mat rezenter Foto
  • Kopie vun Diplomer a Certificaten
  • rezenten Extrait aus dem Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5
  • rezenten Certificat de résidence

Wou kënnt Dir Iech mellen?

Är Kandidatur kënnt Dir per Post oder per E-Mail schécken un:

CRIAJ
20, rue de la Poste
L-6774 Grevenmacher
 [email protected]

Deadline fir d’Kandidaturen: 15. Juni 2026

Retour

JUGENDHAUS CRIAJ ASBL
20 rue de la poste
6774 Grevenmacher
Contact
LUIS MARTINS
Téléphone 75 92 04

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 9 et 5.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler