Ed. dipl. / gradué (m/w/d) fir d'Wunngrupp Grooljer Haus zu Gralingen - CDI 50% bis 100%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 9375 Gralingen
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein
Catégorie Éducateur·trice gradué·e

Retour

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt

een Educateur diplômé oder gradué

fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Grooljer Haus" zu Gralingen an

CDD deelzäit oder vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen


Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Formatiounen am Beräich Deseskalatiounsmanagement vu Virdeel sinn

  • Führerschäin (B)

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 / C6)

  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Retour

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 32 90 03 -1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Ed. dipl. / gradué (m/w/d) fir d'Wunngrupp Grooljer Haus zu Gralingen - CDI 50% bis 100% chez Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler