diploméiert Erzéier (w/m/x) fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht

APEMH
Localité 4976 Bettange-sur-Mess
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Éducateur·trice gradué·e

Retour

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht  diploméiert Erzéier (w/m/x) fir CDI 20 – 30 oder 40 Stonnen/Woch .

 

Job description

 Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze ginn déi den Optrag huet, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, no deenen mer bei der APEMH schaffen, ze begleeden. Sie an deenen Beräicher ze ënnerstëtzen wou Hëllef gebraucht gëtt, sief dat am Alldag Doheem, bei der Fräizäitgestaltung, beim akafen an/oder bei administrativen Démarchen.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

• am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

• Beruffserfarung hunn

• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

• iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

• de Führerschäin Klass B hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C4 CCT-SAS)

 • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

diploméiert Erzéier (w/m/x) fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler