Chef de Groupe (m/w/d) - Ed. dipl. / gradué CDI 100% - Haus 12 zu Miersch

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 7534 Mersch
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Éducateur·trice gradué·e

Retour

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt

en Educateur diplômé oder gradué als Chef de Groupe

fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 12" zu Miersch an


Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen

  • Leedung vun engem Wunngrupp mat Kanner &Jugendlechen an engem Mataarbechterteam

  • Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn

  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Kanner & Jugendlechen

  • Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;

  • Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget

  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannte Diplom als Educateur dipômer mat der autorisation d'excercer, e Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz

  • Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Leedungs- a Féierungskompetenzen

  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz

  • Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen

  • Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen

  • Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen

  • Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung

  • Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel

  • Führerschäin (Klass B)


Mir bidden :

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 / C6 laut Diplom)

  • Sympass Kaart


Schéckt aer Kandidature online op a lued folgend Dokumenter erop :

  • Motivatiounsbréif

  • CV mat Foto

  • Kopie vum Diplom


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.


Retour

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 32 90 03 -1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Chef de Groupe (m/w/d) - Ed. dipl. / gradué CDI 100% - Haus 12 zu Miersch chez Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler