Diploméiert Erzéier, m/w, Voll- oder Deelzäit, CDI)

Autisme Luxembourg
Localité L-8522 Biekerech
Type de poste Temps partiel Temps plein
Catégorie Éducateur·trice diplômé·e Éducateur·trice spécialisé·e en inclusion Travail social

Retour

Autisme Luxembourg asbl sicht:

Fir eis informatesch Atelieren (Info-Média, Back-office, Digitalisatioun, Imprimerie ) zu Biekerech :

  • Diploméiert Erzéier, m/w, Voll- oder Deelzäit, CDI)

Mir bidden Dir :

  • E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.
  • Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
  • Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
  • Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

  • Du hues déi néideg fachlech Kompetenzen ?
  • Du hues Freed drun zesumme mat Fachleit a Mataarbechter mat  enger Beanträchtegungan engem informateschem Atelier ze schaffen ?
  • Du hues Loscht, esou wuel positiv op eng Gruppendynamik ze wierken, ewéi deem Eenzelnem eppes bäizebréngen ?
  • Dir ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
  • Du bass weltoppen a verantwortungsbewosst ?
  • Du wierkst gäre positiv op Deng Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun ?
  • Du kannst Dech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

Du hues bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Denger Kandidatur näischt méi am Wee !

Mir freeën eis, Deng Kandidatur bis zum 20 November 2025 u folgend Adress ze kréien :

Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech oder [email protected]

Retour

1, Jos Seyler Strooss
L-8522 Biekerech
Contact
Marc De Geest
Téléphone +352 266 233 1

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 7 et 9.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler