Op der Schock, asbl stellt an:
1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 30-40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
– REF: ASBL202604
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS, Carrière C4
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: +352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]