Är Missioun:
Als Responsabel vum geroAKTIV sidd Dir verantwortlech fir d’Konzeptioun, d’Organisatioun
an d’Koordinatioun vu Veranstaltungen, Coursen a Projeten, déi sech mam Alteren an der Liewensphas vum drëtten Alter beschäftegen. Dir schafft dobäi enk mat de verschiddenen Departementer vum GERO an externen Acteuren aus dem Secteur zesummen.
Är Aufgaben:
- Recherche an Applikatioun vun neien Tendenzen, Konzepter an Approchen am Beräich vum aktiven Alteren
- Kooperatioun mat Acteuren aus dem soziale Secteur, Associatiounen an Organisatiounen, déi ähnlech Ziler verfollegen
- Matwierken un internen, nationalen an internationale Projeten
- Encadrement a Koordinatioun vu Benevollen a Benevollsprojeten
- Entwécklung, Organisatioun a Begleedung vu Coursen, Konferenzen an Aktivitéite fir Senior*innen
- Koordinatioun vun de Referent*innen, Formatricen a Formateuren
- Evaluatioun vun den Aktivitéiten a Mesurë fir hir Weiderentwécklung
- Matwierken um geroAKTIV Magazin an der geroAKTIV Newsletter
- Participatioun u nationale Plattformen, déi sech fir e bessert Wëssen iwwer d’Situatioun vun eelere Mënschen asetzen
- Member vun der Ekipp dirigeante
Är Kompetenzen:
- excellent Organisatioun an Teamgeescht
- gutt Kommunikatioun a Wuert a Schrëft (Lu, De, Fr)
- Fäegkeet Projeten an Aktivitéiten autonom ze koordinéieren
- Kompetenzen an de gängegen Office-Programmer
Äre Profil:
- Bac+5
- Dir hutt eng Ausbildung an de Sozialwëssenschaften, der Gerontologie, der Pädagogik oder engem ähnleche Beräich
- Erfarung am Beräich vum Alter, vum Benevolat oder an der Organisatioun vun Aktivitéite fir Erwuessener oder Senior*innen ass vu Virdeel
- Dir sidd interesséiert un Theme ronderëm aktivt Alteren a gesellschaftlech Participa-tioun a wëllt är kreativ Ideen matbrénge fir dëse Beräich weider ze entwéckelen
Wat mir Iech ubidden:
- eng interessant a villsäiteg Aarbecht an enger motivéierter Equipe
- d’Méiglechkeet un innovativen an diverse Projeten am Beräich vum Alter matzeschaffen
- Bezuelen nom Kollektivvertrag am soziale Secteur (Carrière C7)
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf an Diplomer bis spéitstens den 15. Mée 2026 un [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Demandë gemaach.
GERO KOMPETENZZENTER FIR DEN ALTER ASBL
1, dernier Sol
2543 BONNEVOIE
Contact
DANIELLE SIMON
Téléphone
+352 36047822