Een Gestionnaire de projet (w/m/x) – Ateliers d’inclusion professionnelle

APEMH
Localité 4976 Bettange-sur-Mess
Type de poste Durée déterminée Temps partiel
Catégorie Coordinateur·trice

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Ateliers d’inclusion professionnelle, ee Gestionnaire de projet (Bachelor en  a en communication, médias oder  journalisme , informatique ou similaire) fir ee CDD - 20 Stonnen/Woch fir 12 Méint, ab dem 1. Juli 2026

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


RESPONSABILITÉITEN


Dir sidd interesseiert waat an der Welt geschidd

Dir interesseiert iech fir Medien an Kommunikatioun an dir hutt Loscht einfach an accessibel Norichten ze gestalten?

Dir sidd motiveiert, an enger koproduktiver Equipe zesumme mat Mënsche mat intellektuelle Beanträchtegung ze schaffen?

Dann ass dëse Projet genau dat richtegt.


De Projet beinhalt:

  • Opbau a Realisatioun vun digitalen Norichten iwwer lokal Aktualitéiten. D’Form vun dësen Norichten ass oppen: Text, Video, Podcast,… ¨

  • Opbau vun engem Netzwierk mat lokale Medienhaiser

  • Aarbecht an enger koproduktiver Equipe

 

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN


D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn,

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen,

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen,

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an daïtsch Sprooch beherrschen,

  • de Führerschäi Klass B hunn.

 


WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN


  • Erfarung am Opbau an der Realisatioun vu Projeten ass vu Virdeel.

  • Erfarung an der Gestaltung vu Medien an/ oder Norichten

  • Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Idealerweis hutt Dier schonn Erfarung an der Gestaltung vu Medien an/ oder Norichten. 

 

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.



 

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Een Gestionnaire de projet (w/m/x) – Ateliers d’inclusion professionnelle chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler