een “Coordinateur-trice” (m-w-d)

Ligue HMC
Localité L-8311 Capellen
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Coordinateur·trice
Réf.: COORD 08/2026

Retour

Mir siche fir eis Ateliers d’inclusion professionelle zu Capellen
een “Coordinateur-trice” (m-w-d)
(Réf.: COORD 08/2026)
CDI 40 Stonnen/Woch
CCT SAS / Carrière C5 oder C6

 

Är Missioun:

Als Coordinateur-trice iwwerhuelt Dir eng Schlësselroll an der Organisatioun an der Weiderentwécklung vun eisen Atelieren. Dir schafft enk mat Ären Ekippen um Terrain, dem Team vun de Coordinateuren an der Direktioun zesummen.

  • Koordinatioun, Leedung an Entwécklung vu verschiddenen Ateliers d’Inclusioun Professionnelle, am Beräich Kichen, Restaurant, Wäscherei a Botzen;
  • Pädagogesch Begleedung vun de Mataarbechter-innen mat enger Beanträchtegung;
  • Festleeën an Erreeche vun de Qualitéitsziler vun de Prestatiounen;
  • Kontakt mat Famillen, Partner a verschiddenen externen Acteuren.

Äre Profil:

Dir sidd eng engagéiert, verantwortungsbewosst an team-orientéiert Persoun, déi gären Initiativ hëlt an d'Mënschen an de Mëttelpunkt vun hirem Handele setzt.

Dir bréngt mat:

  • En Diplom am Beräich Pädagogik, Sozialaarbecht, Hotellerie oder equivalent;
  • Interessi a Sensibilitéit fir d'Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung;
  • Erfarung a staark Motivatioun fir Ekippen ze leeden, Verantwortung ze iwwerhuelen an autonom ze  schaffen;
  • Interessi an de Beräicher Déngschtleeschtung, Produktioun a Verkaf;
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch - Kenntnisser;
  • Redaktionell, administrativ an informatesch Kenntnisser.

Mir bidden:

  • Eng interessant a villfälteg Aarbecht mat Verantwortung;
  • E flott, motivéiert an dynamescht Team an engem mënschlechen Aarbechtsëmfeld;
  • Flexibel Aarbechtszäiten, Méiglechkeete fir Weiderbildungen a perséinlech Entwécklung.

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 30 92 32-222.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens de 30ten September geschéckt ginn un:

Ligue HMC coopérative s.c.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu

Retour

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
Service Ressources Humaines
Téléphone +352 30 92 32 - 222

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 6 et 2.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler