E Coordinateur oder Coordinatrice fir säi Fortbildungsinstitut geroPRO (M/W/D) / CDI, 34 Stonnen, Bac+5

GERO KOMPETENZZENTER FIR DEN ALTER ASBL
Localité 2543 BONNEVOIE
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Coordinateur·trice Responsable de service

Retour

Den GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl beschäftegt sech mat de ville Facettë ronderëm den Alter an d‘Al ginn. Zu senge villfältegen Aufgabe gehéieren Sensibiliséierung an Informatioun fir Senior*innen, Fortbildungscoursë fir Professioneller aus dem Fleegesecteur, grad esou wéi déi wëssenschaftlech Ëmsetzung a Begleedung vu verschiddene Projeten op nationalem an EU-Niveau.  

Den GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl sicht fir direkt oder no Ofsprooch 

 E Coordinateur oder Coordinatrice fir säi Fortbildungsinstitut geroPRO (M/W/D) 

CDI, 34 Stonnen, Bac+5 

 Är Missioun: 

Als Responsabel (Coordinateur oder Coordinatrice) geroPRO sidd Dir verantwortlech fir d'Organisatioun vun alle Formatiounen a Konferenze fir Gesondheetsberuffler, Personal vun der Begleedung oder am Allgemengen zum Aspekt vum Secteur vun der eelerer Persoun. Dir koordinéiert och d'Projeten déi de geroPRO betreffen.   

 

Är Aufgaben: 

- Entwécklung, Organisatioun a Begleedung vu Formatioune fir déi Professionnel aus dem stationären an ambulante Fleegesecteur 

- Sondéierung vun den neien Tendenzen an innovative Konzepter am In- an Ausland am Secteur Senior an an der Fleeg  

- Evaluatioun a Promotioun vun de Formatiounen a Konferenzen  

- Konzeptioun an Ausschaffe vu Projeten am Beräich Fortbildung, zesumme mat den Acteuren aus dem Secteur an dem Familljeministère 

 

Är Kompetenzen: 

- excellent Organisatioun an Teamgeescht 

- gutt Kommunikatioun a Wuert a Schrëft (Lu, De, Fr) 

- Kompetenz an de gängegen Office-Programmer 

Äre Profil: 

- Bac+5 

- Dir hutt eng Ausbildung an der Gestioun, an de Sozialwëssenschaften oder an engem Beräich, deen mat der Gesondheet oder der Betreiung ze dinn hutt.   

- Erfarung am Beräich vun der Fortbildung an/oder dem Secteur vum eelere Mënsch an der Gesondheet si vu Virdeel 

- D’Wichtegkeet vun der Formation continue kennen an eegen kreativ Ideen matbréngen fir dëse Beräich weider ze entwéckelen 

- Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen.   

 

Wat mir Iech ubidden: 

- eng interessant a villsäiteg Aarbecht an enger motivéierter Equipe 

- eng Méiglegkeet un innovativen an diversen Projeten matzeschaffen  

- Bezuelen nom Kollektivvertrag am soziale Secteur (Carrière C7) 

  

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf an Diplomer bis spéitstens den 10. Dezember un: 

 

GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl 

1, Dernier Sol L-2543 Bonnevoie-Luxembourg 

 oder per E-mail: [email protected] 

 

Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Demandë gemaach. 

Retour

GERO KOMPETENZZENTER FIR DEN ALTER ASBL
1, dernier Sol
2543 BONNEVOIE
Contact
DANIELLE SIMON
Téléphone +352 36047822

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 1 et 1 ?

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler