Maison Relais Wëntger asbl ass 2009 gegrënnt ginn an zielt mëttlerweil iwwert 70 Mataarbechter/innen. Zu den Strukture gehéieren um Site zu Wëntger eng Maison Relais mat 265 an eng Crèche mat 56 Platzen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der Schoul, mécht am September 2027 eist gemeinsaamt Bildungshaus zu Wëntger hier Dieren op an d’ Maison Relais kann bis zu 540 Kanner ophuelen.
Nieft dem Site zu Wëntger huet d’asbl eng Mini-Crèche zu Boxer fir Kanner vun 2-4 Joer wou d’ Natur eng grouss Roll spillt. Am Joer 2026 mëcht eng 2. Mini-Crèche fir Kanner vun 0-3 Joer zu Helzen hier Dieren op. D’ asbl ass an engem stännegen Wuesstum, dofir siche mir Verstäerkung an der Administratioun/Direktioun.
1 Coordinateur (m/w/d) (réf. COOR_asbl_01_2025)
40 Stonnen Woch / CDI / Carrière C4
Däin Profil:
· Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom Niveau Bac;
· Du hues Erfarung an der Leedung vun enger Equipe;
· Du bass motivéiert Neies mat auszeschaffen an ëmzesetzen;
· Du bass organiséiert an strukturéiert;
· Du kenns administrativ Ofleef a weess déi ze analyséieren an ze strukturéieren;
· Du kanns autonom schaffen an awer och am Team;
· Du stells dech gär neien Erausfuerderungen;
· Du bass proaktiv, autonom a kanns léisungsorientéiert schaffen;
· Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen;
· D’ Kenntnisser vum SAS Beräich an den Fonctionnement vun den SEA si vu Virdeel;
· Du sichs eng nei Erausfuerderung an du schaffs gär an engem Ëmfeld wou d’ Wuel vun de Kanner am Virdergrond steet?
Da bass Du déi Persoun déi mir sichen
Deng Missiounen:
· An Zesummenaarbecht mat der Direktioun:
o Bass Du zoustänneg fir d’ Ofleef vun der Administratioun ze garantéieren an op de neitsten Stand ze bréngen;
o Leets an encadréiers Du déi verschidden Beräicher vun der Administratioun;
o Bass Du am Austausch mam Educatiounsministère an externen Partner;
o Häls Du de Suivi vun de Konventiounen, Agrement’en an Decompte’en vun eisen Strukturen;
o Ënnerstëtz Du Direktioun an den alldeeglechen administrativen Aarbechten.
Mir bidden:
· Eent agreabelt Ëmfeld mat enger motivéierter Equipe;
· Eng asbl déi am Wuesstum ass;
· Eng Remuneratioun laut CCT-SAS.
Bei enger Astellung froen mir de Casier Judiciaire n°3 + 5.
Déi schrëftlech Kandidaturen së bis den 25.01.2026 per Mail oder Courrier un follgend Adressen ze schécken:
oder
MAISON RELAIS WËNTGER ASBL
Romaine Schmitz, directrice
Haaptstrooss 23 / L-9780 WINCRANGE