Engagéiert fir säin Service Logement social encadré :
1 Agent comptable administratif (m/w/d)
40 Stonnen/Woch – CDI - fir direkt oder no Ofsprooch
Carrière C3 am Kollektivvertrag CCT-SAS
Däin Aufgabenberäich :
- Gestioun vun der finanzieller Situatioun vun den Jonken
- Buchen an kontrolléieren vun der alldeeglecher Comptabilitéit (Jonker, Fournisseurs, Bankextrait’en)
- Gestioun vun den Logementer (Loyer’en an Décompte Chargen)
- Gestioun vun den Dossier’en mat den Ministèren
- Administrativ Aarbechten
- Virbereeden vun den Décompten fir eis Ministèren
- Ënnerstëtzung an Zesummeschaffen mat der Ekipp an den alldeeglechen Aarbechten
- Zesummenaarbecht mat aneren internen an externenServicer
Däin Profil :
- Du hues een DAP
- Du hues eng Formatioun an der Comptabilitéit
- Du hues gutt Kenntnisser vum MS-Office an am BOB50
- Du hues Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun mindestens 3 Joer
- Du schwätz Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
- Du kanns autonom schaffen an bass zouverlässeg
- Du schaffs grëndlech an bass gutt organiséiert
Weider Informatiounen fënns du ennert www.solina.lu (Rubrik Jobs)
D ‘Kandidaturen mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto, Kopie Diplom, a néideg Ënnerlage kënnen bis de 28.03.2026 u folgend Adress geschéckt ginn:
SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES ASBL 163, rue du Kiem ● L-8030 STRASSEN oder op den [email protected]
Wann d ‘Kandidaturen zeréckbehalen ginn, froen mir d’Casiers judiciaires 3, 4 a 5.