D'Wunngrupp Haus am Wangert zu Miersch

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 7568 Mersch
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein
Catégorie Autres emplois

Retour

sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.

Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !


Mir stellen een Educateur gradué (m/w/d) an :

Carrière C6

CDI 60 % bis 75 %

Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chargé de direction suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss

  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)

  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen

  • Dir hutt de Führerschäin (B)

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel


Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6)

  • Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

D'Wunngrupp Haus am Wangert zu Miersch chez Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler