1 Fleuriste (m/f/n), CDI 10 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion profesionnelle – REF: COOP202602

Op der Schock
Localité L-8508 Redange / Attert
Type de poste Temps partiel
Catégorie Autres emplois
REF: COOP202602

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Fleuriste (m/f/n), CDI 10 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion profesionnelle – REF: COOP202602

Missioun:

  • Zesumme mat engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Floristikatelier Bouquet’en, Arrangementer an Dékoratiounsartikelen hierstellen
  • Encadrement a Leedung vun enger Equipe vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Accueil a Berodung vu Client’en an eisem Buttik
  • Entretien vun de Planzen a vum Buttik

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Fleuriste (DAP oder equivalent)
  • Fundéiert Planzen- a Blummenkentnisser
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Loscht, sech an engem dynameschen a motivéierten Team ze engagéieren
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

·         Aarbechtszäiten: all Donneschdes 6h tëscht 08h-17h an Samsdes vun 08h-12h

·         Salaire a Konditioune vum CCT SAS, carrière C3

·         Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

·         Führerschäin B

·         Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

 

Retour

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 2 et 5 ?

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler