Gutt Versuergt - Réseau SARL
Mir sinn e klenge Reseau dee mat Häerz opgebaut ginn ass, an nach weider opgebaut gëtt, a sichen nach motivéiert a kompetent Mataarbechter fir eis Equippen zu Lëtzebuerg, am Süden an och op der Musel ze verstäerken.
Bei eis ass de Mënsch am Mëttelpunkt, de Patient mat senger Famill an och de Mataarbechter.
Dofir zéck net a mell dech ganz schnell.
Mir sichen
4 aides socio-familiales / assistant(e)s d’accompagnement au quotidien (H/F/X)
20-40 Stonnen / Woch
CDI • CCT SAS
Konditiounen:
Lëtzebuergesch schwätzen.
Valabelen Permis B.
Als Virdeel ugesinn:
Erfahrung am Emgang vun Erwuessener an Kanner mat enger intellektueller an/oder enger kierperlecher Beanträchtegung
Certificat vun der Formatioun Sensibilisatioun soins palliative (40 St.)