Een diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - SAJ zu Mondorf

APEMH
Localité Mondorf
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Aide-soignant·e en structure

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Dagesstruktur zu Mondorf - een Aide-soignant (m/w/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 



Responsabilitéiten


Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/Certificat ( Auxiliaire de Vie, Aide-soignant, ASF oder Aide-Educateur) sinn 

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • D'Lëtzebuergesch Sprooch ass eng Viraussetzung; gutt Kenntnisser an der franséischer an däitscher Sprooch si gewënscht.

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung am Ëmgang mat Persoune mat Polyhandicap ass en däitleche Virdeel.

 

 


Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3)

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung




Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Een diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - SAJ zu Mondorf chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler