NEW Ergotherapeut I Konschttherapeut - Nouveau Centre socio - thérapeutique (m/w)

Arcus
Localité L-2562 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Travail social

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


NEI STRUKTUR


Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung?


Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, Psychologue I Ergotherapeut oder Konschttherapeut (m/w) fir eng 30-40 Stonnen/ Woch CDI an eisem neien Centre socio thérapeutique an der Staad Lëtzebuerg.


Responsabilitéiten:

  • Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Rahmen vun eiser neier Daagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldaag begleeden
  • therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ennerstëtzung vun de Kanner a Kooperation mat der pädagogescher Equipe
  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

 

Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een unerkannten Diplom als Psycholog, Ergotherapeut, Konschttherapeut
  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner
  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen
  • Du hues d'Fähegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun


Wënschenswäert Ufuerderungen:

  • Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapädagogik, Deeskalatioun Erlebnispädagogik an Konschtpedagogik si vu Virdeel


Mir bidden dir:

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld


 

Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!


Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Retour

Place de strasbourg2
L-2562 Luxembourg
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour