Psycholog.in - Service „Riicht Eraus - LOTUS“ / Lëtzebuerg / CDI / 20h (Ref: 4240)

Croix-Rouge luxembourgeoise
Localité Luxembourg-Ville
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Psychologie/Psychiatrie Psychologie de l'enfant et de l'adolescent
4240

Retour

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

 

Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D) – Referenz: 4240

fir saïn Service „Riicht Eraus - LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 20 Stonnen/Woch

 

De Service "LOTUS" huet d'Missioun, de Mannerjäregen tëscht 12-17 Joer ze sécheren, déi en ergräifend Verhalen hunn an ënner enger Zwangsmoossnam stinn.

 

Missiounen:

  • Psychologesch Iwwerwaachung vu Mannerjärege wärend individuellen a Familljekonsultatiounen sécheren
  • Bäidroe fir d'Entwécklung vum Service
  • Zesummenaarbecht mat aneren externe Servicer (Justizorganer, sozialen Acteuren, asw.)
  • De Service bei Formatiounen oder aneren Sensibiliséierungsveranstaltungen vertrieden

 

Profil:

  • Universitéitsdiplom an klinescher Psychologie oder Entwécklungspsychologie an/oder an Psychotherapie
  • Beruffserfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Mannerjäregen
  • Beherrschung vun de Sproochen Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch noutwendeg. All aner Sprooch ass e Virdeel.
  • Sécherheet an Erfarung am féiere vun eenzel- an Familljengespréicher
  • Gutt Bezéiungs Kompetenze mat Mannerjäregen, déi en iwwergräifend Verhalen hunn
  • Verantwortungsbewosst an Fäegkeet, selbstänneg ze schaffen
  • Sech kënne un d'Aarbechtszäiten no de Besoine vum Service unzepassen
  • Bereetschaft un Formatiounen deelzehuelen

 

D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Retour

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 2755-2000

Retour