D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog.in / Psychotherapeut.in – Referenz: 4409
fir seng nei Struktur vum Service „Psy-Jeunes“ – psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner vun 0 bis 12 Joer - am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI)
Missioun:
- Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner mat hiren Bezuchspersounen bei ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung
Profil:
- Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
- Formatioun am Beräich vun der psychologescher/psychotherapeutescher Begleedung vun Puppelcher an Klengkanner an hiren Bezuchspersounen
- Formatioun an der Traumatherapie an Bindung ass vun Virdeel
- Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat klengen an groussen Kanner
- Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
- Liichtegkeet am Kontakt mat Leit
- Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstes
Mir bidden:
- En Kontrakt am CCT SAS Kollektivvertrag
- Eng dynamesch Equipe an där Mënschlechkeet am Zentrum vum Alldag steet
- Intervisioun, Supervisioun an d‘Méiglechkeet sech weiderzebilden
D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5.