NEW Educateurs diplômés - Crèche Internationale de Belair (m/w)

Arcus
Localité L-1420 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

 

NEI STRUKTUR

 

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht an engem jonken Team eng nei Crèche mat zegestalten.

 

Dann bass du bei eis genau richteg!

 

Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, Educateurs diplômés  (m/w) fir eng 40 Stonnen/ Woch CDI an der neier Crèche Internationale de Belair.

 

Mir bidden dir:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
  • Eng Plaz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

 

Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Du schaffst gär mat Kanner,
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du bass motivéiert an oppe fir Neies
  • Du bass kreativ, an hues Humor
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

 

Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!

 

Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren. 

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

 

Retour

Avenue Gaston Diderich52b
L-1420 Luxembourg
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour