Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Nidderfeelen

Arcus
Localité L-9175 Niederfeulen
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'Maison Relais Nidderfeelen: Educateur diplômé (m/w/nb) – CDI – 30 Stonnen/Woch


D’Maison Relais Nidderfeelen bitt Plaz fir ronn 180 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden equipéiert Funktiounsräim (Beweegung, Baumaterial, Rollespill, Atelier, Bibliothéik, Medien, Fuerschung, Ernärung, etc.) souwéi e Bausseberäich mat 3 altersspezifesche Spillplazen, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.


Responsabilitéiten:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Mir bidden:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Retour

Bongerterwee1
L-9175 Niederfeulen
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Nidderfeelen chez Arcus

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler