Educateur diplômé - Kannerhaus Gréiwemacher (m/w/d)

Arcus
Localité L-6778 Grevenmacher
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Educateur

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Responsabilitéiten


D'Kannerhaus Gréiwemaacher huet seng Gruppen dezentraliséiert, daat zu Gréiwemaacher, Beidler, Ouljen a  und Sandweiler. Mir siche fir Sandweiler ab dem 1.12.24 : Educateur diplômé (m/w/d) - 35 - 40Stonnen/Woch CDI


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Dir hutt minimum 3 Joer Beruffserfahrung
  • Dir sidd interesséiert mat Jugendlechen ze schaffen an si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet an den Schichten an de Weekend ze schaffen
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel



Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Retour

rue Schaffmill11
L-6778 Grevenmacher
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour