NEW Chargé de direction – Maison Relais Reisduerf (m/w/d)

Arcus
Localité L-9391 Reisdorf
Type de poste Durée déterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir sichen fir d' Maison Relais Reisduerf: Chargé(e) de direction (m/w/d) - 40 Stonnen/Woch CDI

 

Hei hues Du d'Méiglechkeet an enger neier Struktur mat inspiréierenden a professionell ageriichten Bildungsraim fir ronn 180 Kanner ze schaffen. Du bass zoustänneg fir di pädagogesch Qualitéit an der Struktur, fir d’Personalentwécklung, fir den organisatoreschen Oflaf a fir déi administrativ Leedung. Reisduerf, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Equipe ze gestalten.


Mir bidden dir:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld
  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag


Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Retour

route de Larochette14
L-9391 Reisdorf
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour