Kach (w/m/d) - Vollzäit

Hospice Civil Echternach
Localité 6448 Echternach
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Resto & Cafetéria

Retour

Kach (w/m/d) - Vollzäit


Är Aufgaben

  • Virbereedung a Personaliséierung vun Iessen fir eis Bewunner, besonnesch fir Persounen mat Schléckstéierungen (Dysphagie).
  • Kreativ an innovativ Menüe gestalten, déi den individuellen Besoinen a Goûten vun eise Bewunner Rechnung droen.
  • Enk Zesummenaarbecht mam Fleegepersonal, fir eng optimal ofgestëmmten Ernärung vun de Bewunner ze garantéieren.
  • Sécherstelle vun der Anhalung vun den allgemeng gültegen Hygiènesvirschrëften no den HACCP-Standarden.
  • asw.

Äre Profil

  • Dir hudd den DAP (diplôme d'aptitude professionnelle) als Kach.
  • Méijähreg Erfarung als Kach, idealerweis am Beräich Gemeinschaftsverfleegung an/oder Altersfleeg.
  • Fundéiert Kenntnisser an der Virbereedung vu diäteschen Iessen a Moolzechten fir Persounen mat Schléckstéierungen.
  • Innovativ an kreativ Aarbechtsweis, verbonnen mat engem héije Mooss un Bewunnerorientéierung a Verantwortungsbewosstsinn.
  • Teamfäegkeet a Flexibilitéit
  • Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus.
  • Excellent Lëtzebuergesch- an Däitsch Sproochkenntnisser (Franséisch ass e Virdeel).
  • Führerschäin vun der Klass B erfuerderlech.

Mir bidden

  • Mir sinn e klengt an eegestännegt Haus mat regionalem Charakter.
  • Perséinlech a familiär Aarbechtskonditiounen.
  • En zäitlech onbegrenzten Aarbechtskontrakt.
  • SAS- Kollektivvertrag.

Retour

Spidol Echternach
10, rue de l'Hôpital
6448 Echternach
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +3527204541

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 4 et 9.

Retour