COOPERATIONS Asbl sicht fir de service aide à domicile/service d’information et de consultation «Mäi Liewen» zu Woltz en :
Infirmier (m/f/d)
CDI
20 Stonnen/Woch
«Mäi Liewen» ass e service d’assistance an d’information fir erwuesse Leit mat spezifesche Bedürfnisser, deen hinnen en autonoomt Liewen erméiglecht.
Profil :
- En zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als infirmier an droit d’exercer
- Lëtzebuergesch, Franséisch an/oder Däitsch
- Autonoomt, strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Verantwortung iwwerhuelen a gutt Zäitgestioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Erfarung am Beräich Assurance Dépendance ass vu Virdeel
- Führerschäin Klass B
Missioun :
- Client am Alldag begleeden an ënnerstëtzen
- Medikamenter stellen a kontrolléieren
- Uspriechpartner si fir gesondheetlech Froe
- Begleedung ob Dokter Rendez-vousen
- De medezinesche Suivi vum Client assuréieren
Mir bidden iech :
- En innovativen a participative Betrib an e Service a voller Expansioun
- Multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- Méiglechkeet, sech un der konzeptueller Aarbecht ze bedeelegen
- Nei Erausfuerderungen, déi Kreativitéit, de perséinlechen Developpement an den Engagement fuerderen
- Salaire a Konditioune vum CCT-SAS (Carrière C5)
Mir froen en Extrait (3, 4 a 5) aus dem Casier judiciaire.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf a Kopie vum Diplom bis spéitstens de 25.06.2024 un : [email protected]
![](assets/images/c/cooperations_logo_24-cb041142.png)