Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Matschaffen am Service Restauratioun vun eisem Haus an domadder dozou bäidroen, dass eis Bewunner an engem angenehme, flotten, dem eelere Mensch ugepasste Kader hiren Iessgewunnegte kënnen nogoen
Héiflegkeet, Propretéit, Diskretioun an Disponibilitéit sinn fir eis Viraussetzungen fir ee professionnelle Service an dësem Beräich
Eise Bewunner an domat den eelere Mënsch an deem Sënn begleeden an zu Hëllef stoen andeems hien decidéiere kann
Service an der Kichen
Pepareieren a kachen vun den Menüen fir eis Gäscht
Preparéieren vun der Vitrine, de Frigoën, de Schief an dem Sall
Matschaffen an engem interprofessionellen Team
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Organisatiouns-, Kommunikatiouns- a Sozialkompetenzen
Kenntnisser an 2 vun deenen 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch), dovun Lëtzbuergesch Beruffserfarung am Beräich Geriatrie ass vu Virdeel
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet), Eegeverantwortung, Dynamismus, Teamfähegkeet an Hëllefsbereetschaft
Bereetschaft sech mat a fir Menschen ze engagéieren
Wertschätzung a Kooperatiounsfähegkeet
Flexibilitéit
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4
Führerschäi Klass B
Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 7.11.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)