Är Aufgaben:
* Mataarbecht beim Preparéieren vum Iessen
* Spullen, kleng Kichenaarbechten, Raumen a Botzen
* Iessensliwwerung
* Plonge an der Kichen
* Respektéieren a Kontroll vun den Hygiènsreegelen (HACCP)
* Iwwerwachung a Sécherstellung vun der Ofalltrennung
Äre Profil:
* Berufflech Erfarung vu mindestens 3 Joer gëtt als Virdeel ugesinn
* Gutt Kenntnisser vun enger gesonder an équilibréierter Ernärung
* Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si vu Virdeel
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Wertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
* Flexibilitéit
* Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
* Bereetschaft sech mat a fir Léit mat engem Handicap ze engagéieren
Mir bidden:
* 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Eng Ustellung fir spéitstens ab dem 1.September 2024
* Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C1 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours
Delai fr d'Kandidatur: 5.7.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënschen mat enger Beanträchtegung ze begleeden an dozou bäizedroen, hiert Liewen selbstbestëmmt ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)