D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Centre Nossbierg + Emgeigend Esch, eng Botzkraaft (w/m/x) fir en CDI – 40 Stonnen - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Mir sichen eng Botzkraaft fir eisen Botzservice Esch-Net fir den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel
- den Führerschäin Klasse B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung