Är Aufgaben
* Arbechten an der Kichen vun eiser Maison Relais: Spullen, kleng Kichenarbechten, Raumen an Botzen
* Flexibel sinn a bereet sinn op Uruff ze schaffen
* Bereed sinn, mat der Camionette ze fueren
* Respektéieren a Kontroll vun den Hygiènesregelen (HACCP)
* Iwwerwaachung a Sécherstellung vun der Offalltrennung
* Geleeëntlech Mathëllef an der Plonge an beim Botzen op Fester, Receptiounen asw. am Kader vun den Aktivitéiten a Projeten
Äre Profil
* Weiderbildungen oder Erfahrung als Aide-Ménagère an enger Kannerinstitutioun ginn als Virdeel ugesinn
* Gutt Kenntnisser a Formatiounen am Beräich vun der Hygiène (HACCP)
* Mindestens 2 vun deenen 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F), dovun obligatoresch Lëtzebuergesch
* Autonomie a Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet
* Team- a Kooperatiounsfähegkeet
* Fäheg sinn alleng ze schaffen
* Soziale „Feeling“ am Ëmgang mat Mataarbechter a Beschäftegungsmesuren
* Flexibilitéit
* Een Führerschäin B an een eegenen Auto zur Verfügung hunn
Mir bidden
- 25 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 12.12.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)