Een Psychologue oder Pédagogue – Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen (w/m/x) - CDD 20 Stonnen/Woch

APEMH
Localité 4976 Esch/Alzette
Type de poste Durée déterminée Temps partiel
Catégorie Educateur

Retour

Een Psychologue oder Pédagogue – Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen (w/m/x)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hir Servicer aus dem Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen – een Psychologue (Master en psychologie) oder Pédagogue (Master en pédagogie) (w/m/x) fir ee CDD - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch a fir e Remplacement vun engem Congé de maternité & parental.


Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).


Am Fall vun enger Astellung, gett een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



RESPONSABILITÉITEN

  • Ennerstëtzung vun de Professionellen an der Begleedung vun erwuessene Menschen mat intellektueller Beanträchtegung: individuell Gespréicher, Team-Versammlungen.  
  • Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung : Gespréicher & Interventioun bei Urgencen, Analysen vu Situatiounen, Evaluatiounsgespréicher & Bilanen, Orientatioun un aner Servicer.
  • Ennerstëtzung bei der Koordinatioun vun de Servicer & der Wéiderentwécklung vun de Konzepter.
  • Animatioun vu Formatiounsmoduler fir d’Wësse vun de Professionellen ze erweideren.


OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Master) sinn,
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen,
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen,
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,
  • de Führerschäin Klass B hunn.


 WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.Anno


MIR BIDDEN

  •  attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  •  en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Retour

10 rue du Château
4976 Esch/Alzette
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour