Een Infirmier (m/w/d) 30 St/Woch- CDI - Projet HMSB

Elisabeth
Localité 6831 Berbourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Infirmier
Haaptmann's Schlass Berbuerg

Retour

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Betreien, Versuergen an am Alldag ënnerstëtze vu fréiere Sans Abrisen mat gerontologeschen a palliative Besoin.

Mir bidden Iech d’Geleeënheet fir Deel ze si vun engem nationale Pilotprojet an dëse maassgeeblech matzegestalten an opzebauen. Dir drot dozou bäi eng Struktur ze schafen déi Mënschen a Prekaritéit hëlleft hire Liewensowend an engem optimalen Ëmfeld ze verbréngen.
Är Aarbechtsplaz ass an engem renovéierten Deel vum CIPA Haaptmann’s Schlass zu Berbuerg, matzen an der grénger Natur, mat Parkméiglechkeeten direkt virum Haus.
Äre Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit, ënnert dem Kollektivvertrag vum Secteur d’Aide et de Soins (CCT-SAS).
Zousätzlech bidde mir Iech Weiderbildungen a fir Iech relevante Sujeten, Hospitatioune bei den Acteure vum Secteur an intern Supervisiounen am Team un.


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

Infirmier 30 St/Woch, CDI


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Droit d’exercer
Casier judiciaire no 4
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours


Delai fir d’Kandidatur: 1.8.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Haaptmann's Schlass Berbuerg
4 Brucherstrooss
6831 Berbourg
Contact
Yves Morby
Téléphone +352 71 08 31 - 1

Retour