Een Infirmier (m/w) 20-40 St/W CDI

Elisabeth
Localité Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein
Catégorie Infirmier
Ste Elisabeth Am Park

Retour

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Altersheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den “Attributions Infimiers”)
Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d’Bewunner
Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w)
Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Droit d’exercer
Casier judiciaire no 4
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 45 07 74 4141

Retour