een Gestionnaire de projet - Service EVA - Liewensschoul (w/m/x)

APEMH
Localité Bettange-sur-Mess
Type de poste Durée déterminée Temps partiel
Catégorie Autres emplois

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir de Service EVA, een Gestionnaire de projet (Bachelor en sciences sociales, informatique, communication, pédagogie ou similaire) fir ee CDD - 20 Stonnen/Woch fir 12 Méint, fir direkt oder no Ofsprooch

 

Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

 

Opbau a Realisatiou vun enger inklusiver digitaler Toolbox fir a mat Menschen mat intellektueller Beanträchtegung.

Des Toolbox soll eng Selectioun u prakteschen Applikatiounen an Outilen emfaassen, déi hëlleft den Alldag méi einfach ze maachen a sech besser z’organiséieren.

Zum Beispill : säi Kalenner & seng Finanzen geréieren, den öffentlechen Transport notzen, seng Stärkten a Ressource kenneléieren.

An dëser gemeisamer Aarbecht ginn des Applikatiounen an Outillen erausgesiicht, getest, évaluéiert a fir aner Léit op eiser Lern-Plattform zur Verfügung gestallt. 

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

● am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn,

● iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen,

● eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen,

● déi lëtzebuergesch, franséisch an daïtsch Sprooch beherrschen,

● de Führerschäin Klass B hunn.

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung am Opbau an der Realisatioun vu Projeten ass vu Virdeel.

Erfarung an der Notzung vun Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ass vu Virdeel.

Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour