een geléierten Landschaftsgärtner - Atelieren Housen (w/m/x)

APEMH
Localité Housen
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Nettoyage/Jardinage

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen, een geléierten Landschaftsgärtner (w/m/x) fir een CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisem Atelier schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal.


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:


  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner sinn
  • Iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen

De Führerschäin Klass BE (Unhängerschäin) ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour