Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
• Professionell Betreiung a Service vun de Gäscht an eiser Cafeteria
• Sécherstellung vum reiwungslosen Oflaaf am Service an enker Zesummenaarbecht mat eiser Kichen
• Ënnerstëtzung vu Mënsche mat intellektueller Behënnerung bei der praktescher Aarbecht an der Cafeteria.
• Integratioun an Ennerstetzung vu Mënsche mat intellektueller Behënnerung an eisem Team
• Zesummenaarbecht mam Team fir en inklusiivt Aarbechtsëmfeld ze garantéieren
• Verantwortung fir d’Erhiewung vun Hygienestandards an d’Qualitéit vum Service
• Matgestalte vun inklusiven Evenementer an Aktivitéiten an der Cafeteria
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
• Engagéierte Mataarbechter (m/w/d) mat Erfarung am Serviceberäich
• Erfarung an der Aarbecht mat Mënsche mat intellektueller Behënnerung oder d’Bereetschaft, Iech an dësem Beräich weiderzebilden
• Empathie an héich sozial Kompetenzen am Ëmgang mat Mënsche mat intellektueller Behënnerung
• Bereetschaft, aktiv Mënsche mat besonnesche Bedierfnesser an den Aarbechtsalldag ze integréieren
• Teamgeescht a Kommunikatiounsstäerkt
• Flexibilitéit an d’Fäegkeet, an engem dynamesche Beräich ze schaffen
• Gutt Lëtzebuergeschkenntnisser. franséisch an däitsch oder eng weider Sprooch si vu Virdeel
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
• Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem engagéierten an inklusivem Team
• Flexibel Aarbechtszäite vun 20-40 Stonnen pro Woch
• Méiglechkeeten zur Formatioun continue an der perséinlecher Entwécklung
• D’Chance, e positiven Asaz fir d’inklusiv Aarbechtswelt ze leeschten
• En Aarbechtsëmfeld, dat vu Respekt, Verantwortung a Solidaritéit gepräägt ass
• Eng Bezuelung no SAS Kollektivvertrag – Carriere C1
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 26.12.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)