De Jugendbureau Éislek setzt sech fir geliefte Participatioun an aktiv Matbestëmmung vu Jonker an hirer Gemeng an. Fir d’Plangen an Ëmsetze vu Projete stellt COOPERATIONS Asbl an:
Een/eng Mataarbechter/in
CDI
20 bis 40 Stonnen/Woch (ab Juli 2024)
Missioun:
- Organisatioun an Duerchféierung vu participative Projete mat Jonken
- Konzeptaarbecht mam Schwéierpunkt politesch Bildung an Demokratiebildung fir Jonker
- Weiderféierung an -entwéckelung vun der Zesummenaarbecht mat Schoulen, Gemengen an anere Partner
- Kreativ an innovativ Projeten entweckelen an um Terrain ëmsetzen
- Organisatioun vu Veranstaltungen zu spezifesche jugendrelevanten Themen
- Presentatioun a Vertrieden vun eisem Konzept viru Stakeholder
- Konzeptioun a Moderatioun vu Formatiounen fir Jonker an Erweussener
- Ëffentlechkeetsaarbecht
Profil:
- Planifikatiouns- an Organisatiounskompetenz
- Kommunikatiounskompetenz
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Eegenverantwortung matbréngen
- Interkulturelle Kompetenz
- Schwäetze a Schreiwen vu Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
- Gutt PC Kenntnisser (MS Office, Adobe, Canva ...)
- Führerschäi B
Mir bidden iech:
- Deel vun engem engagéierte Betrib ze sinn, deen eng innovativ a participativ Kultur fërdert
- Eng autonom a variéiert Aarbecht
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS (Carrière C6)
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf a Kopie vum Diplom bis spéistens den 25.06.2024 un: [email protected]
![](assets/images/c/cooperations_logo_24-cb041142.png)