een diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - Centre Nossbierg - Haus Roude Fiels 2

APEMH
Localité . Esch-sur-Alzette
Type de poste Durée déterminée Temps partiel
Catégorie Autres emplois

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een diploméierten Aide-soignant fir een CDD - 20 Stonnen/Woch (1. August 2024 bis 16. Februar 2025 mat enger eventueller Verlängerung) , um Centre Nossbierg (Haus Roude Fiels 2) - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Retour

.
. Esch-sur-Alzette
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour