een Aide-soignant oder een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Näidsen

APEMH
Localité Näidsen
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Autres emplois

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Näidsen, een Aide-soignant oder een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI 30 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d'exercer sinn (Erzéier, Aide-soignant)

  •  Beruffserfarung hunn

  •  Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  •  iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  •  eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  •  déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  •  de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

een Aide-soignant oder een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Näidsen chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler