Är Aufgaben:
* Sekretariatsaarbechten , Rezeptiounsaarbechten
* Preparatiouns- Archivage- an Zou-aarbechten
* All Aarbechten déi am Beraïch vun der Administratioun vum Haus Am Klouschter ufalen
Äre Profil:
* CATP/DAP am Sekretariat
* Aarbechtszäïten : an der Regel moies, an a Vertriedungssituatiounen och ganz Deeg
* Eegeninitiativ, Selbstännegkeet an der Aarbecht, Gutt perséinlech Organisatioun, Equippegeescht, Gutt kommunikativ a relationnel Fähegkeeten
* Führerschäin an Auto si Viraussetzungen
* Bereetschaft sech an aaner Logiciel's anzeschaffen
Ganz gutt Kenntnisser :
* am Ëmgang mat MS Office
* vun den 3 Landessproochen (L / D / F), (Wuert a Schrëft)
Mir bidden:
* Dës Plaz gesäit een 20 Stonnen/Woch Aarbechtsvertrag vir
* De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
* Matschaffen an engem dynameschen Team
* Eng Ustellung fir direkt oder no Ofsprooch; mir berücksichtegen engem Kandidat seng Kënnegungsfrist
* Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag. Et gëtt also no de Regele vum CCT-SAS bezuelt
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
Délai fir d'Kandidatur: 17.7.2025
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)