een administrative Mataarbechter - Hoka (w/m/x)

APEMH
Localité Limpach
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Autres emplois

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech, een administrative Mataarbechter (w/m/x) - CDI 40 Stonnen/Woch fir ab den 1. August 2024.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

  • Dir maacht Receptioun, an äntwert ob Ufro’en vun den Clienten
  • Dir organiséiert an maacht Visitten vun der Deierepensioun
  • Dir maacht Reservatiounen, den Suivi an den Planning vun den Reservatiounen
  • Dir maacht den Suivi an Mise à jour vun den Dossier Clients
  • Dir erstellt Rechnungen fir den Clients an schafft an enger Zesummenaarbecht mat der Comptabilitéit
  • Dir sidd am direkten Kontakt mat eisen Mataarbechter mat enger intellektueller Beeinträchtegung
  • flexibel Aarbechtszäiiten an och emol de Weekend schaffen

 


Obligatoresch Ufuerderungen

  •  Dir sidd flexibel a motivéiert
  •  Dir kënnt eegestänneg schaffen an integréiert Iech gutt an eng Equipe
  •  Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  •  Dir hutt e Basis Wëssen vun Excel an Word.
  •  Dir hutt den direkten Kontakt mam Client an sengem Deier gären


Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  •   attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  •   en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour