Een Adjoint à la direction (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Localité 5335 Moutfort
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social
Spillkëscht Mutfert

Retour

Är Aufgaben:

* Kannergruppen (Kanner am Alter vun 3 Méint bis 4 Joer) a Mataarbecht an der Leedung vum Haus (Ennerstëtzung vun der Directioun)

 

Äre Profil:

* Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog (m/w/d)
* Eng Beruffserfarung vu 3 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn (Beruffsufänger an enger Leedungspositioun kënne vun internem Coaching profitéieren)
* Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d'Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
* Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 0-4 Joer
* Kenntnisser an der Pikler-Pädagogik si vu Virdeel
* Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter”
* Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
* No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’ Crèche ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
* Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzele Servicer vun der MR transferéiert.
* Bereet sinn, Formatiounen am Leedungsberäich ze maachen
* De Führerschäin Klass B
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
* Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft

 

Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 27.2.2025


Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Spillkëscht Mutfert
1B, rue de Medingen
5335 Moutfort
Contact
Joanne Pauly
Téléphone +352358402400

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler