ee Psycholog (w/m/x)- fir eisen Département Logement Accueil de Jour

APEMH
Localité 4976 Süden
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Psychologie/Psychiatrie

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunn- a Dagesstrukture am Süde vum Land ee Psycholog (w/m/x) - CDI 32 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Missiounen:

  • Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun mat intellektueller Beanträchtegung unhand vu sengem Fachwëssen,
  • Berodung vun den Ekippen an Iwwerwaachung vun der pedagogescher Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeete vun der Persoun,
  • iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen.

 

 

Ufuerderungen:

  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog sinn (Master an Psychologie),
  •  verdéift Wëssen an der klinescher Psychologie a Gesondheetspsychologie,
  • Erfarung an der Psychodiagnostik,
  •  Sënn vu Verantwortung fir eng professionell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze ënnerstëtzen,
  •  Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vu sengen Aufgaben,
  • an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,
  • iwwer gutt Empathie-, Bezéiungs- an Kommunikatiounsfäegkeete verfügen,
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,
  • de Führerschäin Klass B hunn,
  • Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der Behënnerung sin vun Virdeel.

 

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen,
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.


Retour

10 rue du Château
4976 Süden
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour