Ee Graduéierten Erzéier (w/m/x) - Structur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng

APEMH
Localité Diddeling
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Autres emplois

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Structur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld biet, ee graduéierten Erzéier - CDI – 20 ober 40 Stonnen / Woch- fir direkt oder no Ofsprooch

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Responsabilitéiten

Fir eise Struktur d’accueil zu Diddeling, ass et an der Responsabilitéit vum graduéierten Erzéiher, dréi Mammen ze begleede bei:

·        der Emsetzung vun hirem „ Projet de vie“ mam Kand.

·        der Organisation vum Alldag.

·        dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung

·        der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand.

 


Obligatoresch Ufuerderungen

·        Diplom als graduéierten Erzéier

·        Berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hun

·        Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar

·        Flexibel an den Schaffzäiten sinn

·        Excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn

·        Souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen

·        Gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

·        en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler