ee graduéierten Erzéier (w/m/x)- Maison d‘accueil mère-enfant“ zu Diddeleng

APEMH
Localité Diddeleng
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

 

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir „Maison d‘accueil mère-enfant“ zu Diddeleng, déi 3 Mamme mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Kanner ee protegéiert Ëmfeld biet, ee graduéierten Erzéier (w/m/x) - CDI – 20 oder 40 Stonnen / Woch- fir direkt oder no Ofsprooch

Wann de Posten hei drënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten
Fir eis „Maison d‘accueil mère-enfant“ zu Diddeleng, sinn är Missiounen:

  • D’Ënnerstëtzen vun der Mamm bei der Ëmsetzung vun hirem Eltereprojet

  • D’Mammen an hirem Alldag als Elteren-Deel ënnerstëtzen

  • D’Mamm-Kand Bindung ënnerstëtzen

  • Eng gesond Entwécklung vum Kand fërderen

 

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Diplom als graduéierten Erzéier

  • Berufflech Erfarung an engem änleche Beräich hunn

  • Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar

  • Flexibel an de Schaffzäite sinn

  • Excellent relationel a kommunikativ Kompetenzen hunn

  • Souwuel eleng wéi och an enger Equipe schaffe kennen

  • Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel oder am Beräich vun der Eltereschaft.

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

ee graduéierten Erzéier (w/m/x)- Maison d‘accueil mère-enfant“ zu Diddeleng chez APEMH

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler