Ee Chef de Service Accueil et Vie Sociale (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Localité Diekirch
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Gestion/Direction/Ressources humaines Soins aux personnes âgées

Retour

Är Aufgaben

  • Organiséieren vu professionellen, multidisziplinären Aarbechtsofleef am Kader vun onsem Konzept
  • Koordinatioun a Evaluatioun am Beräich mam Ziel eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze assuréieren : fachlech sécher a mënschlech respektvoll
  • Sécherstelle vun enger professioneller Kommunikatioun a Dokumentatioun
  • Uspriechpartner a Beroder sinn fir Bewunner a Familljen a Kollaboratioun mat alle Chefs de Service an der Direktioun
  • Leeden vun enger Equipe
  • An Zesummenaarbecht mat de Virgesetzten Astellung, Uleedung a Entwécklung vu neie Mataarbechter a Stagiairen
  • Gestioun vu Schaff- an Congéspleng no SAS Kollektivvertrag
  • Gestioun vum Material aus dem Beräich
  • Virschloen a Matschaffen u neien Projetë

Äre Profil

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an engem soziale oder paramedezineschen Beruff (m/w)
  • Beruffserfarung oder eng speziell Ausbildung am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Erfarung an/ oder Weiderbildung am Beräich Leadership a Matarbechterentwécklung
  • Freed a Bereetschaft Mataarbechter aus verschiddene Beruffsgruppen ze leeden an begleeden
  • Mindestens 2 vun denen 3 Landerssproochen beherrschen
  • Computerkenntnisser (MS-Office an/ oder Fleegedokumentatioun-Software)
  • Kenntnisser am Beräich Fleegeversécherung
  • Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag
  • Ausgeprägten Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Team- a Kommunikatiounsfäegkeet, Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Freed a Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren a matzeschaffen

Mir bidden

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d'exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäi Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 3.4.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

 

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Sacré-Coeur Diekirch
22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Serge KNOCH
Téléphone +352 80 33 55 - 1

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler