Ee Chauffeur Bäckerei (m/w/d) 40 St/W CDD - Mondorf-les-Bains

Elisabeth
Localité 5635 Mondorf-les-Bains
Type de poste Durée déterminée Temps plein
Catégorie Transport
Atelier d'inclusion professionnelle Bäckerei Klouschterbrout zu Munneref

Retour

D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Bäckerei ‘Klouschterbrout’ zu Mondorf-les-Bains ee Chauffeur. (3 Méint)

 

Aarbechtsbeschreiwung:

* Ausliwwere vun de Produiten aus der Bäckerei bei d‘Clienten
* Schichtstart um 5 Auer

 

Äre Profil:

* Dir hutt de Permis B a kënnt mat enger Camionnette fueren
* Dir hutt e verantwortungsvollt Verhalen am Stroosseverkéier
* Dir hutt e gudden Orientéierungssënn
* Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a flexibel

 

Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit (3 Méint)
* Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
* Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mataarbechter mat enger Behënnerung an engem betreiten Ëmfeld schaffen
* Bezuelung an Aarbechtskonditioune laut Kollektivvertrag aus dem Soziale Secteur

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Casier judiciaire no 4 a 5
Führerschäi Klass B
Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 11.7.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Yolande Coop
6 avenue Marie-Adélaïde
5635 Mondorf-les-Bains
Contact
Maud Hansen
Téléphone +35223610

Retour