D’Fondation Autisme Luxembourg sicht
Diploméiert Erzéier m/f/x (CCT SAS)
(Vollzäit/Deelzäit)
fir säi Service d’Activités de jour a säi Service Hébergement zu Munzen, Rammerech an Bieles.
Mir erwaarde vun Iech :
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Eng grouss Motivatioun fir Persoune mat enger Behënnerung z’ënnerstëtzen an ze begleeden
- Ee grousst Engagement fir sech fir d’Rechter vu Persounen mat Autismus anzesetzen
- No flexiblen Auerzäite schaffe kënnen
- D’Fähegkeet fir autonom ze schaffen a Responsabilitéit z’iwwerhuelen
- Ee gudden Ekippegeescht
- Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitsch-Kenntnisser
- Führerschäin vun der Kategorie B an een eegenen Auto
Kandidaturen déi dësem Profil net entspriechen kënnen net traitéiert gin.
Mir bidden Iech :
- Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weider-entwéckelndem Kontext
- Eng ausféierlech Formatioun an der Betreiung vu Persoune mat Autismus
- Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe
Mir akzeptéiren och Stagiairen a Bénévolen.
D’Bulletins N°3, 4 a 5 vum lëtzebuergeschen Casier judiciaire (Belgique : n° 595 et 596.2 / France : n°3 / Allemagne : Führungszeugnis) sinn der Kandidatur bäizefügen.
Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite : www.fal.lu, an der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren (CV, Motivatiounsbréif, Bulletins vum Casier judiciaire, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) .
Fondation Autisme Luxembourg
31 Duerefstrooss
L-9766 Munshausen
Contact
Martine Weber
Téléphone
+352 26 91 11 1